Donnerstag, 4. August 2016

#MirGinOpPort-au-Prince

Wéi am Tour de France gett et och bei eis um Chantier ee "Roudag". Nichtsdestotrotz si mer um 5 Auer opgestan an hun eis nom Frühstück op de Wee Richtung Port-au-Prince gemeet. De Stau huet aus desem kuerzen Trajet rem eng Fahrt vun 2 Stonnen gemeet ;)

Moies hu mer eng Visite vun der Rhum-Distillerie Barbancourt gemeet. Vun der Liwwerung vun Zockerrouer bis zum färdegen Rhum am Eechefaass hu mer alles gewisse krut :)

Dono ware mer de "Marché en fer" besichen, wou mer fir di éischte Kéier d'Méiglechkeet haten Souveniren ze kaafen.

No enger klenger Mettespaus si mer an de MUPANAH (Musée du Panthéon National d'Haiti) gaang. Hei goufe mer vum Guide duerch d'Geschicht vun Haiti gefouert.
Schlussendlech ware mer nach an eng maison artisanale éier mer zum Schluss d'Cathedrale vu Port-au-Prince, oder vill méi dat wat nom Erdbiewen nach dovun iwwreg bliwwen ass, kucken waren.

Hei nach puer Andréck vu Port-au-Prince. Och op dese Fotoen erkennt ee leider vill ze gudd, dass Haiti sech nach laang net vum Erdbiewen erholl huet.

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen