Leider kennt de Schluss vun eisem Openthalt op Haiti emmer méi no. Dofir si mer awer frou iech soen ze kennen, dass mir mat eisem Chantier gudd weiderkommen. Geschter hu mir eis eng leschte Kéier iwwert de stolperege Wee a Richtung Bierger gemeet gir d'Beem ze Planzen. Mat der Ennerstetzung vun de Awunner vun Angibeau hu mer an de leschten Deeg ronn 4000 Beem geplanzt. D'Awunner kennen an de nächste Joeren vun de Friichten profitéiren an gläichzäiteg hellefen d'Beem eng Quell, déi fir vill Leit als eenzeg Waassersource déngt, ze schützen.
Op deser Plaz soe mer allen Leit déi eis Beem gesponsort hun ee grousse MERCI!
Och an der Schoul vun AAH zu Carrefour gett nemmen nach un de leschte Klengegkeete geschaaft. D'Klassesäll si färdeg ugestrach.
Och de Wee bei den Toiletten as färdeg.
Lo gett nach um Waaseroflaaf an un der Beschreftung vun Toiletten op Creol (Fi et Gason) geschafft.
Bonjour alleguer,vill interessant Fotoën, bestëmmt och vill Erfahrungen fir d'Liewen fir iech all. Lo sidd där jo bal op der Plage ukomm ... Mer wënschen vill Spass all zesummen an eng gudd Heemrees. E léiwe Bonjour un iech all. Caroline & Paul
AntwortenLöschen