Sonntag, 7. August 2016

#EtAssKiermes

E Samsdeg am Nometteg hate mir d'Kanner aus dem Quartier op Besuch. 11 Spiller hunn op se geward. Zum Schluss vun de Spiller konnt all Kand sech ee Gadget siche goen als Souvenir un deen Dag. D'Laachen an de Kanner hiere Gesichter an d'Unzuel vun de Kanner déi matgemeet hu schwetzen fir den Erfolleg vun dem Nometteg :)

#EtWarKiermes

E Samsdeg am Nometteg hate mir d'Kanner aus dem Quartier op Besuch. 11 Spiller hunn op se geward. Zum Schluss vun de Spiller konnt all Kand sech ee Gadget siche goen als Souvenir un deen Dag. D'Laachen an de Kanner hiere Gesichter an d'Unzuel vun de Kanner déi matgemeet hu schwetzen fir den Erfolleg vun dem Nometteg :)


#D'ArtisteWarenOpBesuch

Während de leschte Chantiersdeeg krute mir emmer rem Besuch vu lokalen Artisten... Sie hun eis ennert aanerem gewisen wéi een aus engem Steen eng Schildkröt oder ee Blat erauszaubere kann
oder wei een aus normalem Lieder eng Mask bastele kann. Jidfereen vun eis konnt seng kënschtleresch Fähegkeeten eng Kéier austesten :)

Donnerstag, 4. August 2016

#DeChantierGeetOpEenEnn

Leider kennt de Schluss vun eisem Openthalt op Haiti emmer méi no. Dofir si mer awer frou iech soen ze kennen, dass mir mat eisem Chantier gudd weiderkommen. Geschter hu mir eis eng leschte Kéier iwwert de stolperege Wee a Richtung Bierger gemeet gir d'Beem ze Planzen. Mat der Ennerstetzung vun de Awunner vun Angibeau hu mer an de leschten Deeg ronn 4000 Beem geplanzt. D'Awunner kennen an de nächste Joeren vun de Friichten profitéiren an gläichzäiteg hellefen d'Beem eng Quell, déi fir vill Leit als eenzeg Waassersource déngt, ze schützen.

Op deser Plaz soe mer allen Leit déi eis Beem gesponsort hun ee grousse MERCI!


Och an der Schoul vun AAH zu Carrefour gett nemmen nach un de leschte Klengegkeete geschaaft. D'Klassesäll si färdeg ugestrach.

Och de Wee bei den Toiletten as färdeg.

Lo gett nach um Waaseroflaaf an un der Beschreftung vun Toiletten op Creol (Fi et Gason) geschafft.

#MirGinOpPort-au-Prince

Wéi am Tour de France gett et och bei eis um Chantier ee "Roudag". Nichtsdestotrotz si mer um 5 Auer opgestan an hun eis nom Frühstück op de Wee Richtung Port-au-Prince gemeet. De Stau huet aus desem kuerzen Trajet rem eng Fahrt vun 2 Stonnen gemeet ;)

Moies hu mer eng Visite vun der Rhum-Distillerie Barbancourt gemeet. Vun der Liwwerung vun Zockerrouer bis zum färdegen Rhum am Eechefaass hu mer alles gewisse krut :)

Dono ware mer de "Marché en fer" besichen, wou mer fir di éischte Kéier d'Méiglechkeet haten Souveniren ze kaafen.

No enger klenger Mettespaus si mer an de MUPANAH (Musée du Panthéon National d'Haiti) gaang. Hei goufe mer vum Guide duerch d'Geschicht vun Haiti gefouert.
Schlussendlech ware mer nach an eng maison artisanale éier mer zum Schluss d'Cathedrale vu Port-au-Prince, oder vill méi dat wat nom Erdbiewen nach dovun iwwreg bliwwen ass, kucken waren.

Hei nach puer Andréck vu Port-au-Prince. Och op dese Fotoen erkennt ee leider vill ze gudd, dass Haiti sech nach laang net vum Erdbiewen erholl huet.

#Voodoo

Leschte Méindeg hu mir vun der eemoleger Geleenheet profitéiert fir un enger haitianescher Voodoo-Zeremonie deelzehuelen. Am Laaf vun deser Zeremonie hun d'Voodoo-Priesteren déi gudd Geeschter fir eis erbäigeruff. Mir hun et net bereit des Erfahrung gemeet ze hunn.

Montag, 1. August 2016

#EtGeetWeiderMamChantier

Sonndes geet et hei zu Haiti eigentlech eng Nummer méi lues, well vill Haitianer moies an d'Mass ginn. Dëst huet eis awer net dovun oofgehal mat eisem Chantier weiderzemaachen. Trotzdem sinn eng Rei vun eis der Invitatioun vun engem vun eisen haitianesche Kolleege nokomm fir mat him an eng hatianesch Mass ze goen.

Op eisem Chantier goufen haut d'Klassesäll weider ugestrach......

d'Tafelen goufen op enger kannerfrëndlecher Héicht nei opgehaang......

an et gouf weider um Wee beim Toilettenhaus geschafft.

Als kleng Erennung un eis Odyssee hei zu Haiti hu mir eis och op enger vun de Schoulmauren mat eisem Odysseesymbol veréiwegt :)

Als Ofschloss vum Dag ware mir zesummen mat puer vun den haitianesche Scouten ee Fussballsmatch kucken. Wéi der gesidd muss een Fussballsterrain net onbedéngt rechteckeg sinn ;)