Sonntag, 31. Juli 2016

#OchSonndesGettGeschafft

Sonndes geet et hei zu Haiti eigentlech eng Nummer méi lues, well vill Haitianer moies an d'Mass ginn. Dëst huet eis awer net dovun oofgehal mat eisem Chantier weiderzemaachen. Trotzdem sinn eng Rei vun eis der Invitatioun vun engem vun eisen haitianesche Kolleege nokomm fir mat him an eng hatianesch Mass ze goen.

Op eisem Chantier goufen haut d'Klassesäll weider ugestrach......

d'Tafelen goufen op enger kannerfrëndlecher Héicht nei opgehaang...... an et gouf weider um Wee beim Toilettenhaus geschafft.Als kleng Erennung un eis Odyssee hei zu Haiti hu mir eis och op enger vun de Schoulmauren mat eisem Odysseesymbol veréiwegt :)Als Ofschloss vum Dag ware mir zesummen mat puer vun den haitianesche Scouten ee Fussballsmatch kucken. Wéi der gesidd muss een Fussballsterrain net onbedéngt rechteckeg sinn ;)

#EtGeetWeiderMamChantier

Déi lescht zwee Deeg hu mir fläisseg weidergeschafft. Entretemps hu mir schon ronn 1600 Beem zu Angibeau geplantz an zwee Klassesäll si färdeg ugestrach ginn. Als weidere Chantier hu mir mat engem Wee ugefaang, deen Toilette mam Schoulgebei verbannen soll. Muer gett enner aanerem un enger Clôture ronderem d'Schoul geschafft.

Hei fannt dir puer Andréck aus de leschten 2 Deeg!

Donnerstag, 28. Juli 2016

#HautGettGeschafft

Haut de mueren hu mer mam Chantier ugefaang.
Mir hun eis opgedeelt: dei eng sinn rop an d'Bierger Beem planze gaang déi aaner sinn an der Schoul bliwwe fir unzesträichen.

Zu Angibeau, an de Bierger ronderem Carrefour, goufen di éischt 550 Setzlinge gesat. Vu Mango, iwwer Orangen bis zur Avocado war alles dobäi.

Als klenge Merci krute mer vun den Awunner vum Duerf fresch Kokosness ze iessen :)

An der Schoul selwer goufe gläichzäiteg déi éischt 2 Klassesäll ausgeraumt an mat enger éischter Schicht ugestrach.

No 2 Deeg gouf eise geléinte PickUp, dee leider no puer Stonne schon de Geescht opgin haat, dann haut endlech duerch een neien ersat. :)

#MirGinnOpEntdeckungsrees

Wéi an eisem Camplidd steet "dans l'après-midi on va visiter Carrefour, comparer sa culture à celle du Luxembourg", ware mir geschter Mëtten de Quartier besichen. Zesummen mat den haitianesche Scouten hu mir eis op de Wee gemaach. Ennert aanerem ware mer op "le pont", the place to be hei zu Carrefour.

Allgemeng treffen sech d'Leit hei op de Stroossen... Et ass also emmer eppes lass: Taptap'en a Motorieder fuere ronderem an op all Eck gett et eppes ze kaafen.

Mittwoch, 27. Juli 2016

#MirSiGuttUkomm

Mat 4 Stonne Verspéidung si mir zu Port-au-Prince ukomm. Dofir si mer awer mat "Prestige" (haitianesche Béier, mmmmmh) a Cola empfange ginn.

Mir hunn de Bus mat eisem Gepäck belueden an d'Odyssee iwwer déi haitianesch Stroossen ass lassgaang. Mir hu vir déi 15 km bis op Carrefour 2 Stonne gebraucht, mee mir konnten scho vill nei Andréck gewannen an ee wonnerschéine Sonnenennergang bewonneren ( d'Sonn geet hei schon um 19:00 Auer enner, mer dofir och schon um 5 Auer op ;) ). An der Schoul "le reformiste" déi vun Action Avenir Haiti gebaut gouf hu mir dou fir d'éischt den haitianesche Scoute moie gesoot éier mer eis Moustiquairen opgeriicht hunn.
No engem gudden Owesiessen (Poulet Créol) am stackdäichteren sinn déi meecht direkt schlofe gaang. Mir waren all gaaanz vill midd ( zu Lëtzebuerg war et emmerhinn scho 5 Auer moies)

#HeiAssEtNawellElleWarm

Haut de moien si mer um 5 Auer opgestan (sou wéi dat och déi nächst 2 Woche wärt de Fall sinn ;)) fir vun der "Keelt" ze profitéiren. Et waren emmerhinn nemmen 25-30 Grad. Eis éicht Aufgabe waren d'Campplaatz amenagéiren an d'Material raumen.

Am spéide Nometteg krute mer vun eisen haitianesche Scouten Carrefour (ee Quartier vu Porte-au-Prince) gewisen. Dëst huet eis erméiglecht e klengen Abléck an den Alldag vun den Haitianer ze kréien.


Nom Owesiessen hu mir de Camp définitiv mat enger Véille lancéiert. Mat enger kaaler Erfreschung an ville gesongene Lidder hu mir den Owend ausklénge Gelooss. Muer geet et da richteg lass mat eisem Camp-Chantier!

Dienstag, 26. Juli 2016

#EtGeetLoLass

D'Diiren sinn op... Mer kennen lo .... villäicht an de Fliiger. Mir mellen eis also fir nächst aus Haiti!! :)

#MirSinnZuParäis

Mir sinn gudd zu Paräis ukomm!! Nodeems mer gudd gehetz goufe, krute mer du gesot dass eise Fliiger zolitt Verspéidung huet. Mol kucken wéi laang et dauert. Iwwerdeems drénke mer eise gratis Kaffi. ;)

Montag, 25. Juli 2016

#MirSinnEnnerwee

D'Odyssee Haiti 2016 ass lancéiert. 17 motivéiert RaRo maachen sech mat hierem STAFF op de Wee op Porte-au-Prince fir hiere Projet an Zesummenarbecht mat Action Avenir Haiti ze réaliséiren.

Sonntag, 24. Juli 2016

#Nach2Deeg

D'Valise mat eisem Material si gepakt. Haut steet nach eng lescht Versammlung mat alle Participanten um Programm éier mer eis an der Nuecht op en Densden op de Wee maachen.

Die Spannung steigt :),


No villen Infoen gouf d'Camplidd natierlech och nach flaisseg geprouft :)

Montag, 18. Juli 2016

#EtGeetGeschwennLass

Et ass erem sou wäit.... D'RaRo vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten fueren op hier Odyssee'en. Dësst Joer reesen sie an Äthiopien, Bosnien, Brasilien, Georgien an Haiti.


An dësem Blog hellt iech den Odyssee Grupp Haiti iwwer hiere Projet um laafenden. Tëschend dem 26. Juli an dem 10. August fannt dir hei all Dag nei Fotoen an déi neisten Infoen iwwert eise Projet.


Mir wënschen iech vill Spass beim Liese vum Blog.